Michel Giacobini

Michel Giacobini
Gebuertsnumm Jules Michel Giacobini
Gebuer 10. September 1873
Pancheraccia
Gestuerwen 6. Mäerz 1938
5. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom

De Michel Giacobini, gebuer am Joer 1873, a gestuerwen am Joer 1938, war e franséischen Astronom.

De Giacobini hat de 4. September 1896 mat D/1896 R2 säin éischte Koméit entdeckt, deem nach weider 12 Entdeckungen nokoumen – dorënner deen no him genannte 21P/Giacobini-Zinner den 20. Dezember 1900. Hien hat um Observatoire vun Nice geschafft, ier hien 1910 op eegene Wonsch an de Paräisser Observatoire gewiesselt huet.

1903 krut hien de Jules-Janssen-Präis. Fir seng Leeschtunge gouf den Asteroid (1756) Giacobini no him genannt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy